Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Nikki Ninja & Afrobeathoven - Nikki Ninja & Afrobeathoven
D’Nikki huet eng ganz besonnescht Superkraft: hatt spillt mat der Sprooch!
D’Nikki, e ganz normaalt Meedchen, erzielt immens gäre vu sengen Erliefnisser an de Stroossen vu Räppeldeng.
Räppeldeng? Jo, Räppeldeng, dat kléngt léift Duerf matzend an der Mëtt vu Lëtzebuerg! Do ass et nach schéin a rouëg a gemittlech, oder?
Do kann een sech zwar mol gewalteg ieren, well wann d’Nikki mat senger Clique lassleet, sech an d’Nikki Ninja verwandelt a seng Geschichten zielt, da rabbelt et!
D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond, an et reent Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng. Sei Flow ass witzeg an éierlech… einfach nëmme Ninja.
Wuertspiller, wéi een se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déiënner d’Haut ginn…
D’Nicole Bausch, den Dennis Scholtes, de Pol Belardi & Afrobeathoven hunn sech ënnert der Regie vum Dan Tanson zesumme gedoen, Hiphop mat Jazzmusek an aaler Boom-bap Manéier zesummen ze bréngen, an esou Hip-Hop Kannergerecht zougänglech ze maachen.
- Jeune public
- Public scolaire
- Âge minimum 7
- 60'
- LU Salle Robert Krieps
- Kulturpass 1.5€
Voir d’autres événements dans la collection
-
Pause
Voir d’autres événements dans la collection
neimënster
Production: Trifolion, Escher Theater
Soutien: Fondation Sommer /Artistes Associé.e.s, Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg
Konzeptioun: Nicole Bausch & Dan Tanson
Musikalesch Direktioun: Pol Belardi
Mise en scène: Dan Tanson
Visuals: Sascha Di Giambattista (Première année BTS Animation, Lycée des Arts et Métiers – Zeichentrick)
Kostüm: Alexandra Lichtenberger (Charel Stoltz – Holtz Studio, Recording + Mastering)
neimënster
Production: Trifolion, Escher Theater
Soutien: Fondation Sommer /Artistes Associé.e.s, Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg
Konzeptioun: Nicole Bausch & Dan Tanson
Musikalesch Direktioun: Pol Belardi
Mise en scène: Dan Tanson
Visuals: Sascha Di Giambattista (Première année BTS Animation, Lycée des Arts et Métiers – Zeichentrick)
Kostüm: Alexandra Lichtenberger (Charel Stoltz – Holtz Studio, Recording + Mastering)