Flunkerland

Cabaret Peffermillchen

«Wann et iescht gëtt, muss ee léien», seet de Jean-Claude Flunker (oder wéi heescht e scho méi?), an zanter d'Ligebattien op déi Manéier vun uewen erof den offizielle Sege kruten, gëtt an eisem Flunkerland gelunn a bedrunn, datt et niwwelt a kraacht. An der Politik, an der Wirtschaft, an der Kultur, an der Kierch a bei deenen, déi sech Wourecht a Recht op hire Fändel schreiwen - iwwerall ass et Moud ginn, monter ze flunkeren, well ebe scho méi laang alles ganz «iescht ass». Eis kleng Insel vun der Gléckséilegkeet gëtt mat Ligen zementéiert. Mir bedréien eis selwer, well mer soss déi schro Welt «dobaussen» net aushalen. Mee maache mer eis näischt vir: de Flunker-Virus huet eis alleguer schonn erwëscht. D'Geflunkers ass en neien Nationalsport, mat deem jidderee sech Medaille fänke kann. An de Famillen, an de Bezéiungen, op der Aarbecht, an der Fräizäit - wien am beschte flunkert, huet déi gréisste Chancen. Dofir flunkert och d'Peffermill(ch)en an hirem neie Programm «Flunkerland» mat Genoss an ouni Schimmt, «zesumme fir Flunkerland» a mat «Loscht op Ligen», wéi et emol op de Parteiplakater geheescht huet. Loosst iech eng kréckelen am Kabarä! Da maacht der wéi d'Leit, an et geet iech wéi de Leit.

Organisé par Peffermill(ch)en avec la Brasserie Le Neumünster

Josiane Fritz, Monique Reuter, Denise Ruppert, Fons Ruppert
Regie: Fons Ruppert
Musék: Paul a Pit Dahm
Auteuren: Blau, Frisoni, Harsch, Puth, Rewenig, Thoma, Kreisler, Steinhauer .