Nos coups de coeur
-
en cours
-
28.02.21
-
04.03.21
-
07.03.21
-
05.03.21
Di lackeleg Uelzechtnixen an Dee schwaarze Ritter vun Esch-Sauer
Musi-theatral Erzielungen mam Josée Bourg a Lisa Berg
Datt Nixen sech hei an der Uelzecht erëm dreiwen, ass Iech vläit bekannt. Wëllt Dir wëssen, wat déi exotesch, erotesch, lackeleg Wiesen nuets dreiwen ? Gleeft es muench stramme Maanskärel goung hinen op de Läim, a wat deene blitt, Dir gleeft et kaum...
Nidderträchteg, gemeng a brutal mécht dee schwaarze Ritter vun Esch-Sauer Mënsch an Déier d'Liewe schwéier, a senger jonker Fra d'Liewen zur Häll. Sadismus a Jalousie joen d'Léift bei der Däiwel, bis duer wou...
D'Josée Bourg an d'Lisa Berg erzielen spannend gesponne Geschichten, gedroe vu mysteschen Celloskläng. Mat hirer aussergewe´inlecher Mane´ier, am magesche Käerzeschäin, wëss den Duo ze iwwerraschen, ze beréieren an ze iwwerzeegen.
Loosst och Dir Iech vun hinen entféieren...
Organisation : Neimënster
Lisa Berg - violoncelliste
Cloître Lucien Wercollier
20.00
Tickets: 12 euros; réduit 6 euros; Pass 30 euros;
Kulturpass
1,50 euros
Billetterie:
www.neimenster.lu
+352 / 26 20 52 - 444
Tout public à partir de 12 ans
En langue luxembourgeoise
Durée: 50 min
billetterie@neimenster.lu