Contact

neimënster est fermé

neimënster neimënster
neimënster
02.06.2022
18:00
rencontre | conférence / débat
Musée National d'Histoire et d'Art - MNHA

Le Luxembourg : Un état colonial ?

neimënster
Regarder en ligne ici :
https://www.facebook.com/events/474707910700504/

Kéint Lëtzebuerg eent vun de wéinege Länner an Europa sinn, dat keng kolonial Vergaangenheet hätt? Dëst Thema iwwer d’kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg gëtt an engem Ronndëschgespréich mat Perséinlechkeeten aus Verbänn, Politik an Akademie debattéiert.
D’Participantë stelle sech och d’Fro iwwer d’Konsequenze vun där Vergaangenheet op d’Bezéiunge mat de Länner am Süden.
Den Här Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht
an humanitär Ugeleeënheeten, hëlt un dëss spannend Debatt deel, esou wéi folgend Participantë:
– den Här Fernand Kartheiser, Deputéierten;
– d’Madamm Sandrine Gashonga, Vertriederin vun Lëtz Rise Up;
– d’Madamm Antonia Ganeto, Vertriederin vun Finkapé
– den Här Kevin Goergen, Doktorant beim C2DH / Uni Lëtzebuerg, zoustänneg fir eng Recherchenaarbecht iwwert d’kolonial Vergaangenheet vum Land;
– den Här Alpha Muyizere, Vertrieder vum Collectif Richtung22.
No engem Begréissungswuert, waert den Här Régis Moes, Conservateur am MNHA, eng kuerz historesch Einleitung maachen a senger Qualitéit als Ausstellungskommissar zoustänneg fir « Le passé colonial du Luxembourg » am MNHA (bis den 6.11.2022) an Auteur vum Buch « Cette colonie qui nous appartient un peu – Congo belge » (éd. Land, Fondation R. Krieps, 2012).
D’Debatt gëtt moderéiert vun der Mme Monique Faber (Chamber TV)

Le passé colonial du LuxembourgTéléchargez ici
  • Entrée gratuite

Musée National d'Histoire et d'Art - MNHA

Plus de détails sur cette manifestation sous www.mnha.lu

Organisateurs principaux

Musée National d'Histoire et d'Art - MNHA

Informations

Plus de détails sur cette manifestation sous www.mnha.lu