Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Debattekultur – eng Kulturdebatt - Zougäng zur Kultur - et ass elitär
Konscht a Kultur erlaben et d’Liewen ze entdecken an ze verstoen, wéi keen anere Medium. Des nei Philosophie-Serie ënner der Leedung vun Dr. Nora Schleich well Zäit a Plaz schafen, fir iwwer déifgräifend Sujete méi ausféierlech ze diskutéieren. Di éischt Table ronde geet ob d’Fro vum Zougang zur Kultur an. Wat, wann den Zougang zu Kultur net fir jiddereen d’selwecht ass? Wann d’Visitt am Musée intellektualiséiert gëtt, wann d’Konscht iwwerhieflech gëtt? D’Diskriminatioun geet an dësem Beräich ganz wäit an d’Demokratiséierung vun der Kultur bleift een Defis, dee vum haitegen elitäre System behënnert gëtt.
Mat dobäi:
- Luis Santiago – Kulturpass
- Antonia Ganeto – Finkapé
- Alexandra Oxacelay – Stëmm vun der Strooss
- Bénéficiaire vun der Stëmm
- Serge Tonnar – Lëtzebuerger Kënschtler

Nora Schleich
Dr. Philosophie & Kultur
D’Dr. Nora Schleich huet e Phd an der Philosophie vun der Johannes Gutenberg-Universitéit zu Mainz mat enger Dissertatioun iwwer d’Kritik vun der Urteelskraaft vum Immanuel Kant. Si ass e Grënnungsmember vun der Fuerschungsgrupp ‘ideal.ist’ um JGU Mainz, Member vum Kant-Fuerschungsprojet ‘Critique and Contemporary Kantian Philosophy Project’ a Member vu verschiddenen philosophesche Gesellschaften. D’Dr. Nora Schleich schafft als Tutrice, Autorin a Moderatorin fir verschidden Evenementer a Konferenzen, a publizéiert akademesch Artikelen a Bicher.
- Tout public
- LU Salle Edmond Dune
- Entrée gratuite
15.06 jeudi 18:30
neimënster
neimënster