11.01.2024
18:30
rencontre | conférence / débat
neimënster

Debattekultur, eng Kulturdebatt #3 - Vu Geld a Kreativitéit – wéi gesäit eng gerecht Bezuelung fir Kënschtlerinnen a Kënschtler aus?

Wat ass eng gerecht Bezuelung fir Kultur? Et gi keng objektiv Critèren, no deenen de Wäert vu Kultur gerechent ka gi – oder dach? Kéint Fräiheet am Schafen duerch en ze strenge Fokus op d’ Bezuelung verluer goen? An awer huet déi ganz wirtschaftlech Situatioun een Afloss op Kënschtler*innen a Kulturschafend: Si mussen och Geld verdéngen, an zwar genuch fir ze liewen. An dofir muss hei zu Lëtzebuerg säit Laangem reegelrecht gestridde ginn. Wien decidéiert, wéi vill si däerfe  verdéngen? Wéisou muss dat iwwerhaapt eng Persoun decidéieren? Wat fir eng Roll huet de Staat dobäi – an déi ganz Gesellschaft? Wa Konscht op eemol produzéiert gi muss, fir net an de rouden Zuelen ze landen, och da beschneit sech déi kreativ Fräiheet.

D’Debattekultur, eng Kulturdebatt beschäftegt sech um drëtten Owend mat dëse Grondsazfroen a probéiert aus verschiddene Perspektiven dëst Thema besser ze gräifen an och d’Situatioun um Feld bewosst ze maachen.

Mat / avec :

  • Dr. Nora Schleich, Moderatioun
  • Nora Koenig – ASPRO
  • Govinda Van Maele – Réalisateur
  • René Penning – Kulturfabrik
  • Justine Blau – AAPL

***

Qu’est-ce qu’une rémunération équitable dans le domaine de la culture ? Y a-t-il des critères objectifs qui permettent de valoriser la culture ? La créativité serait-elle bridée par la recherche d’un salaire régulier ? Et pourtant, l’ensemble du tissu économique exerce une influence notoire sur les artistes et les travailleur·euses du secteur culturel qui doivent être suffisamment rémunéré·es pour leur permettre de vivre dignement. Des revendications qui ont toujours été source de conflits. Mais concrètement, qui décide de la rémunération des artistes ? Doit-on forcément confier cette tâche à quelqu’un ? Et quel est le rôle de l’État dans leurs conditions de rémunération – ou même de la société dans son ensemble ?

Si les artistes doivent compter exclusivement sur des soutiens financiers pour subvenir à leurs besoins, cela peut limiter leur créativité et leur expression personnelle.

La série de conférences Debattekultur, eng Kulturdebatt abordera les questions fondamentales liées à la rémunération des artistes lors de ce troisième rendez-vous et tentera d’appréhender le sujet sous différents angles afin de sensibiliser le public au quotidien des artistes.

Mat / avec :

  • Dr. Nora Schleich, Moderatioun
  • Nora Koenig – ASPRO
  • Govinda Van Maele – Réalisateur
  • René Penning – Kulturfabrik
  • Justine Blau – AAPL

Nora Schleich

D’Dr. Nora Schleich huet e Phd an der Philosophie vun der Johannes Gutenberg-Universitéit zu Mainz mat enger Dissertatioun iwwer d’Kritik vun der Urteelskraaft vum Immanuel Kant. Si ass e Grënnungsmember vun der Fuerschungsgrupp ‘ideal.ist’ um JGU Mainz, Member vum Kant-Fuerschungsprojet ‘Critique and Contemporary Kantian Philosophy Project’ a Member vu verschiddenen philosophesche Gesellschaften. D’Dr. Nora Schleich schafft als Tutrice, Autorin a Moderatorin fir verschidden Evenementer a Konferenzen, a publizéiert akademesch Artikelen a Bicher.

  • Entrée gratuite

Voir d’autres événements dans la collection

    neimënster

    Organisation

    neimënster