15.06.2023
18:30
encounter | conference / debate
neimënster

Debattekultur – eng Kulturdebatt - Zougäng zur Kultur - et ass elitär

Konscht a Kultur erlaben et d’Liewen ze entdecken an ze verstoen, wéi keen anere Medium. Des nei Philosophie-Serie ënner der Leedung vun Dr. Nora Schleich well Zäit a Plaz schafen, fir iwwer déifgräifend Sujete méi ausféierlech ze diskutéieren. Di éischt Table ronde geet ob d’Fro vum Zougang zur Kultur an. Wat, wann den Zougang zu Kultur net fir jiddereen d’selwecht ass? Wann d’Visitt am Musée intellektualiséiert gëtt, wann d’Konscht iwwerhieflech gëtt? D’Diskriminatioun geet an dësem Beräich ganz wäit an d’Demokratiséierung vun der Kultur bleift een Defis, dee vum haitegen elitäre System behënnert gëtt.

neimënster