Scolaire - D'Geschicht vum klenge Fuuss, deen e Buch wollt schreiwen

E musikalesche Figurentheater

LU: Et ass d'Geschicht vun engem klenge Fuuss, dee gäre Bicher liest. Enges Daags wëllt de Fuuss selwer e Buch schreiwen. Hie sicht eng wäiss Fieder, e schéint Heft an en Dëppche mat däischterbloer Tënt. De Fuuss wëllt ufänken, seng Geschicht ze schreiwen. Mee wéi hie virum wäisse Blat sëtzt, kënnt kee Wuert aus senger Fieder! Mmm... Iwwert wat soll ech schreiwen? , freet de Fuuss sech a spadséiert an de Bësch, fi r sech ze inspiréiren. Kommt mam Fuuss op d'Sich no der Inspiratioun an erlieft dës léif Geschicht mat faarwege Biller an aussergewéinlecher Musik. Wéi am musikalesche Spektakel Kolja a Galina, wa Kuebe reesen... ginn och bei dëser neier Geschicht vum klenge Fuuss d'Kanner interaktiv bedeelegt. Loosst iech iwwerraschen!

FR: C'est l'histoire d'un petit renard qui adore lire. Un jour, il décide d'écrire lui-même un livre. Il cherche une plume blanche, un joli cahier et un encrier bleu. Le renard veut commencer à écrire son histoire, mais aucun mot ne sort de sa plume... « Mmm ... Que pourrais-je bien écrire?», se demande le renard. Il décide de se promener en forêt pour chercher l'inspiration... Aidez le renard à trouver l'inspiration et laissez-vous emporter par cette jolie histoire illustrée avec des images multicolores et une musique hors du commun. Tout comme dans le spectacle « Kolja et Galina, si des corbeaux voyagent... », les enfants sont impliqués de façon interactive dans l'histoire du petit renard. Laissez-vous surprendre!

Organisation: neimënster

Mit: Dany Gales - Geschichte, Bilder, Figuren & Gesang / Georges Urwald - Arrangements, Klavier / Ann Kaft an - Bassklarinette / Franck Hemmerlé - Perkussion