Through the looking glass - Iwwerleeungen a Geschichten zum Thema Fraen a Fotojournalismus

Konferenz mam Françoise Poos am Kader vun der World Press Photo Exhibition

LU: Vum Frances Benjamin Johnston iwwert d'Margaret Bourke-White, bis zur rezenter Magnum-Nominee Sim Chi Yin sinn d'Fraen am Beräich vum Fotojournalismus op alle Kontinenter an an alle Länner présent. D'Françoise Poos, Ph.D. Researcher in Visual Culture - Curator of Photographs an Präsidentin vun neimënster, ënnersträicht d'Roll vun de Fraen an desem vu Männer dominéierte Feld a schwätzt vun hiere bemierkenswerte Contributiounen.

Organisation: neimënster, Conseil de Presse Luxembourg, Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung, Commission nationale du Luxembourg pour la coopération avec l'UNESCO, Musée National de la Résistance