Mam Xuff duerch d'gëlle Kannerstuff...

Gigs for Kids

De Xuff, mat senger spatzer Schnuff, ass keen aneren wéi e ganz aktiven a gëllene Villchen, deen d'Kanner mat sengem schéine Saxofons-Ruff duerch d'Kannerstuff begleet.

Do gëtt nämlech net nëmmen gebastelt, gemoolt a gepecht, mä haaptsächlech gespillt an zwar op selwer gebauten Instrumenter, an dann och nach zesummen drop komponéiert.

Also zéck net a looss dech verféieren vum Xuff a seng gëlle Stuff!

Organisé par JAIL en collaboration avec le CCRN.

Mam Anaïs Lorentz