Chaos bei de Kusinnen

E lëschtegen a spannenden Krimi..

D'Rosi, d'Marthe an d'Dorothée si Kusinnen. Enges Dags stibitzt d'Dorothée dem Marthe säin Freier. Dëst, rosen wéi eng Spann, pakt séng siwe Saachen a geet fort an Italien. D'Rosi huet mussen all di Zäit op d'Haus oppassen. D'Marthe war knapps fort, du huet d'Dorothée schon am Haus gewunnt. Die zwee verlounen d'Zëmmer and d'Rosi liest de Leit d'Zukunft aus de Kaarten. D'Liewen hëllt e gemittleche Laf, bis d'Marthe erëm virun der Dier steet mam Agatha, engem gelungene Personage. Wéi dem Marthe all die mysteriéis Zoustänn erklären: Locatairen, Clients mat Zukunftsängscht an d'Verschwannen vun hierem wertvollen Tableau? E lëschtegt Polizeirätsel mat ville Verwiesslungen a voller Iwwerraschungen.

Organisé par Rappdeckelen

Luyckfassel Liliane, Bertemes Claude, Thommes Carole, Lessyn Laura,
Blommaert Willy, Greisch Marie-Paule, Berthol Thomas, Dekens Isabelle, Michels Pia
Musik : Glesener Jeff
Technik: Lessyn Cathy, Becker Zoé
Spezialeffekter: Bissen Patrick
Mimographie: Marcotte Vincent
Regie: Lessyn Nico
Assistant à la régie: Karin Moro-Bintner